An dëser Episod vum Klassik Talk steet déi lëtzebuergesch Pianistin Cathy Krier am Mëttelpunkt. Si erzielt wéi si mat nëmmen 13 Joer all Woch op Köln gefuer ass, fir d'Musekshéichschoul ze besichen an doduerch hir ganz Schoulkarriäre um Bäifuerersëtz vun hirer Mamm opgebaut huet.
D'Cathy Krier schwätzt mam Marie Trussart iwwer de Wandel vun der Museksindustrie, vu Placken, bis hin zu CDen a Streamingdéngschter an doriwwer, wéi eng Vir- a Nodeeler si als Musekerin an deem Wandel gesäit. Leidenschaftlech erzielt si och iwwer d'zäitgenëssesch Musek a plädéiert fir eng méi grouss Offenheet a manner Angscht virum "net Verstoen" vu moderne Wierker.
D'Playlist vun der Cathy Krier
Bélà Bartók (1881–1945): With Drums and Pipes aus Out of Doors, Sz. 81, BB 89
François Couperin (1668-1733): Les ombres errantes aus de Pièces de Clavecin - Quatrième Livre
Dmitri Schostakowitsch (1906–1975): Passacaglia aus dem 1. Geieconcerto, Op. 99